Hannergrond:
Et ass bewisen, dass an dësen Zäite vill vun de Kanner gefuerdert gëtt: laang an der Schoul ze setzen a roueg sollen ze sinn. An de Betréiungsariichtunge si Kanner Kaméidi an Zäitdrock ausgesat.
„Duerfkanner“ bitt hinnen eng Auszäit, an der se hiren natierleche Bedürfnisser nokomme kennen:
- Bewegungensdrang
- Selbstverwierklechung
- de Virwelz un senger natierlecher Emgeigend
- Urspill mat Naturmaterialien (Dännenzapfen, Käschten, Steng,Bengelen avm.)
Den Ëmgang mat Déiere setzt Endorphine fräi, also quasi Gléckshormoner, des senken den Stress a beaflossen esou eng kierperlech Entspanung. Duerch villsäiteg beobachten an experimentéiere mat Naturmaterialien, eegenen d’Kanner sech Informatiounen a Fähegkeeeten un. Kompetenze wei Selbstbewosstsinn, Fantasie an Kreativitéit, Grob- a Feinmotorik ginn hei spilleresch gefuerdert.
Wichteg an dësen Zäiten ass och Thema Nohaltegkeet; Kanner kréin am Ëmgang mat der Natur an Déieren en Gefill dofir, längerfristeg en Bewosstsinn a Verantwortung fir hir Ëmwelt ze entwéckelen.

Wien ass Duerfkanner?

Mäin Numm ass Joëlle, ech sinn qualifizéiert Educatrice.
Ech sinn bestuet an Mam vun 2 Kanner.
Ech liewen mat menger Famill, mengem Hond an
menger Kaz zu Bur an der Gemeng Rouspert-Mompech an ech erfëllen mir mat dësem Konzept
mäin Liewensdram.
Arbechtserfahrungen hunn ech an de Beräicher : Altersheim, Crèche, Maison Relais an pädagogeschen Baurenhaff.

Formatiounen / Weiderbildungen
br>
- Tiergestützte Basiskompetenz ( Diplom Fréijoer 2023 ) - Liehrnhof Akademie
- Workshop: Insektenhotel bauen - Natur- & Geopark Mëllerdall
- Éischt-Hëllefs-Cours - PIKKLER - CARITAS
- Weltatelier - CARITAS
- "Natur entdecken im Winter“ - Schlaubatz
- „Naturpädagogik mit Kindern“ - Waldlernen
- „Insekten“ - Waldlernen
- „Eselbasiswissen“ - Judith Schmidt

Tiere und kleine Kinder sind ein Spiegel der Natur.